Tickets



!!!Wichteg !!!

Vir dat 25. Joer organiséiere mir dëse Bal elo, an en ass nawell zolidd gewuess. Dofir wäerten dëst Joer e puer Saachen änneren :

• Et gëtt KENG OWESKEESS méi, de VIRVERKAF ass ob 3500 Tickete limitéiert, also maacht iech bei !

• Keen Entrée ënnert 16 Joer ! (Mir acceptéieren och keng autorisation parentalen oder sos een Ziedel vun den Elteren)

• Jidderee muss sech an der Entrée ausweise kennen, egal wéi al en ass. Mir acceptéiere just offiziell pièces d’identité (Carte d’Identité, Führerschäin, Pass)

• Wéinst der katastrophaler Verkéierssituatioun vun de letzte Joren ass a ganz Bettenduerf ab 17h00 Parkverbuet, deelweis souguer eng komplett Interdiction de Circulation. Just d’Haaptstrooss bleift frei befuerbar, mee och hei dierf net geparkt ginn. Dëst gëtt dee ganzen Owend iwwer kontrolléiert a wann der iech net drun haalt, da ginn der ofgeschleeft ! (Eng Kaart mat Detailer kennt no)

• Mir stellen iech ee Park&Ride zur Verfügung mat Navetten déi all 10 Minutte fueren. (Detailer kommen no)

• Obwuel et zu Bettenduerf kee Vermummungs-Reglement gëtt behale mir eis als Organisateur d’Recht vir, gréisser Gruppen déi d’selwecht verkleet sinn ze imposéieren um Bal hier Masken auszedoen, dëst aus Sécherheetsgrënn !! Also wann dir iech als Grupp wëllt verkleeden, da musst dir leider op Maske verzichten ! (Dëst bezitt sech ob Masken déi dat ganzt Gesicht verdecken)


Entrée: 15 Euro
(Nëmme mat Virverkaf)


Natierlech get et awer och wi an deene letzten Joeren genuch Chancen fir Tickets ze kafen a gewannen.

Kafe kënn dir ab dem 9.1:

Boucherie Mangen zu Bettenduerf
Bazar Schirtz zu Dikrech
Gafé du Gymnase zu Dikrech
Café beim Fränk zu Dikrech
Smuggler's Inn zu Dikrech

Fir weider Infoen an Gewennspiller, liked eis Page of Facebook!

 

BONNE CHANCE

 

 

Bettendorf