Geschicht vum Fräeschebal

 

De   Fräeschebal huet kleng ugefaang. Am Jär 1992 war et en onbekannten Orchester, de versicht huet an der halwer Hal Fuesstëmmung ze maachen. Spéider waren sie ënner dem Numm Awacs bekannt an hun laang Zäit wuel zu engem vun dene populärsten Orchestren am ganze Land gezielt. Oofgeléist guffen sie 2004 vu Peenuts die et 2005 och nach eng Kéier probéiert hun. Nodeems 2006 an 2007 d’Gummibären an der Hal fir eng Bommestemmung gesuergt hun Challengers 2008 an 2009 eng nei Rekordzuel vun Besicher ugelackelt. 2010 sin et Under Pressure dei mat enger flotter Ofwiesselung vun Fuesmusik an Rock di Bettenduerfer Fuesbooken an Stemmung haalen.

Och de Bal u sëch as vill méi grouss gin; d'Sportshal alleng as lues awer sëcher ze kleng gin, sou daat mir op en Zelt hu missen zréckgräifen. Ab 1996 guff dunn dee ganzen Schoulhaff matbäi geholl. Seecherheetsmängel vun der Hal hun eis 2002 gezwongen kuerzäiteg bei d'Sauer op een grousst Zelt auszeweichen. Aus Käschtengrenn haaten mir eis daat Joer entschloss fir um Fuesméinden direkt nach ee Bal z'organiséieren: den "T'geet Riicht Virun". Dat wor allerdengs eng eemoleg Ugeleenheet gin an d'Joer drop konnten mir, nodeems d'Mängel selbstverständlech behuewen waren, nees op eis gewinnte Plaatz bei d'Hal plenneren.

 

 

Fräschebal 2002

 

Ab 2004 get zu Bettenduerf un enger neier Schoul gebaut an mir hun d'Geleenheet genotzt fir de Konzept vum Bal z'iwwerdenken an eisen Besicher eppes neies ze bidden. Dest Ennersträicht d'Flexilitéit an d'Weltoppenheet vun eisem Club.

Fir di 15. Editioun vun eisem Fräeschebal hu mer eis ee besonnegt éiergäizegt Ziel gestach an waarden mat ganzer 3 Orchestren op! Gummibären an der Hal, Orchester 590 am Zelt an eng Karaoke-Bar am klengen Zelt.

Sou as ët dann och nët verwonnerlich, daat Fuessamsdës Bettenduerf Treffpunkt vun iwer 2000 Fuesboken ginn ass.

Am Joer 2008 guff dunn och nach aus dem klengen Karaoke Zelt een XXL-Karaoke Zelt mat Cocktail Bar, sou datt mat desem Zelt, och deen neie Numm fir d’Fuesend zu Bettenduerf gebuer war. Seit desem Joer schwätzt een demno vun der XXL-Fuesend zu Bettenduerf.

2009 sin fir e besseren Verkéier teschent den Zelter an der Hal ze erméiglechen puer kleng Zelter baigesat gin. Eng weider nei Attraktioun wär een Gedrenksstand beim Grill, sou datt een 2009 Joer fir d’eischte Kéier och dobaussen den Duuscht konnt läschen.

2010 wär dunn dat letzt Joer wou den Fräscheblumm um aalen Site ofgehalen gouf, well d' Hal puer Méint drop ofgerappt gouf. Dofir krut 2011 dei 20. Editioun een neien Site spendéiert, deen elo ob der anerer Säit vun der Sauer ze fannen ass. Den Bal besteet mëttlerweil aus 3 risegen Zelter an ass schonns éischter een Festival wei een Bal. Mee net nëmmen d'Platz huet geännert, mä och d'Band: nämlech ass den Orchester 590 an hir wuel verdéngten Pensioun gaang an ass 2011 duerch den kölschen Orchester "de' Hofnarren" ersat ginn.

2012 gouf den neien Site vun 2011 dann verbessert an "de' Hofnarren" goufen duerch d'Fues-DJen DOMinators ersat, déi et beschtens verstinn d'Leit ze ënnerhalen. Ausserdeem haten mer een véierten, bëssen Iwweraschungsact, nämlech huet sech eis Béierbud an een Dubstep- an Elektrospektaktel verwandelt.

Bäi sou engem grousse Fest sënn éis Membren während 3 oder souguer 4 Deeg hannereneen am Asaatz. Den Ärbichtsopwand as riesegrous, an ët gët heinsdo nët vill zë schlofen. Wann een dann awer gesäit, wéi gudd sich déi vill Leit amuséiren, da kann een trotzdem e bësse stolz op d'Ärbicht sën, déi geleescht gin as, an et vergëst een déi vill Klengigketen, déi trotz enger best méiglicher Organisatioun alt rëm eng Kéier nët sou richtig geklappt hun.

(Source: Ofgeännerten Text vum Gilles SCHROEDER & Florent PURAYE
aus dem Buch: Bettendorf - Gilsdorf - Moestroff 2000)

Bettendorf