News



Vir dat 25. Joer organiséiere mir dëse Bal elo, an en ass nawell zolidd gewuess. Dofir wäerten dëst Joer e puer Saachen änneren :

• Et gëtt KENG OWESKEESS méi, de VIRVERKAF ass ob 3500 Tickete limitéiert, also maacht iech bei !

• Keen Entrée ënnert 16 Joer ! (Mir acceptéieren och keng autorisation parentalen oder sos een Ziedel vun den Elteren)

• Jidderee muss sech an der Entrée ausweise kennen, egal wéi al en ass. Mir acceptéiere just offiziell pièces d’identité (Carte d’Identité, Führerschäin, Pass)

• Wéinst der katastrophaler Verkéierssituatioun vun de letzte Joren ass a ganz Bettenduerf ab 17h00 Parkverbuet, deelweis souguer eng komplett Interdiction de Circulation. Just d’Haaptstrooss bleift frei befuerbar, mee och hei dierf net geparkt ginn. Dëst gëtt dee ganzen Owend iwwer kontrolléiert a wann der iech net drun haalt, da ginn der ofgeschleeft ! (Eng Kaart mat Detailer kennt no)

• Mir stellen iech ee Park&Ride zur Verfügung mat Navetten déi all 10 Minutte fueren. (Detailer kommen no)

• Obwuel et zu Bettenduerf kee Vermummungs-Reglement gëtt behale mir eis als Organisateur d’Recht vir, gréisser Gruppen déi d’selwecht verkleet sinn ze imposéieren um Bal hier Masken auszedoen, dëst aus Sécherheetsgrënn !! Also wann dir iech als Grupp wëllt verkleeden, da musst dir leider op Maske verzichten ! (Dëst bezitt sech ob Masken déi dat ganzt Gesicht verdecken)


* DJ AL & DJ Dee am groussen Zelt!

* de Fues-DJen DOMinators mam Special-Guest dem FAUSTI

* XXL KARAOKE mam Discoteam RX7 a mat Cocktail Bar

* Béierbud mat Hoegaarden Rosée

* Quickysbud

* Grill

* Garderobe


Entrée: 15 Euro
(!!!Nëmme mat Virverkaf!!!)


!!INFORAMTIOUNEN ZUM VIRVERKAF KOMMEN NACH NO!!

Bettendorf